Här Minister, firwat war et esou wichteg, dës Donnéeën ze erhiewen?Här Minister, ënner wéi enger Form ënnerscheeden sech d‘Consignen fir déi lëtzebuergesch AN déi däitsch Douanieren, jee no Gebitt wou kontrolléiert ginn ass? Goufen et beispillsweis fir déi Kontrollen nördlech vun Iechternach aner Consignen, wéi fir déi südlech vun Iechternach a wa jo, inwiefern? Wéi eng Donnéeën goufen jee no Grenziwwergank erhuewen?Kann den Här Minister eng Pièce virleeën, déi attestéiert, datt déi däitsch Autoritéiten déi besoten Donnéeë vun der lëtzebuergescher Säit gefrot hunn?Kann den Här Minister confirméieren, datt déi däitsch Bundespolizei just statistesch Donnéeën gefrot huet?Kann den Här Minister garantéieren, datt keng perséinlech Donnéeën un Drëtter, ënnert anerem däitsch Autoritéiten iwwermëttelt goufen? Falls net, iwwer wéi e Wee goufen dës kommunizéiert? Op wat fir enger gesetzlecher Basis ass dëst geschitt?