Published by Marc Goergen onFir kënne beim Fonds de logement oder dem SNHBM eng abordabel Wunneng ze lounen, muss ee verschidde Krittären erfëllen an et gëtt een no engem Punktesystem op eng Waardelëscht gesat.

Wann een dann d’Chance huet, eng vun dëse Wunnengen ze kréien, gëtt de Loyer, deen ee muss bezuelen, op Grond vum Revenu net disponible gerechent.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:Ass de Minister der Meenung, dass bei der Rechnung fir de Loyer social z’ermëttelen, nieft dem Revenu net disponible, och d’dépenses à long terme, wéi zum Beispill eng Saisie, eng Steierschold oder eng Pension alimentaire, misste berécksiichtegt ginn? Firwat gëtt dat net gemaach?QP Nummer 695120221003 QP GOERGEN Loyer bei der SNHBM.pdf Herunterladen