D’Corona-Pandemie an déi dovun ausgoend Beschränkungen op d’Wirtschaft hunn dozou gefouert, dass am Loftverkéier Fligeren hu missten um Buedem bleiwen an d’Geschäftsaktivitéit op quasi null reduzéiert gouf.

Heivunner sinn och d’Luxair an hir Mataarbechter betraff.D’Employéeë vun der Luxair, déi am Normalfall hiere Salaire duerch Weekendtariffer opstocke konnten, verdénge mam Agräife vum Chômage partiel nëmmen nach ronn 80% vun hirem normale Salaire , dëst well de Chômage partiel op 80% vum Grondsalaire plus d’Moyenne vun de Primmen berechent gëtt.Den Aarbechtsminister selwer hat den 3ten Abrëll 2020 an engem RTL-Interview gesot, dass et all Patron fräi géif stoen méi u seng Salariéeën ze bezuelen ewéi déi 80% vum Chômage partiel. De Staat selwer besëtzt ronn 39% vun den Aktië bäi Luxair an ass domadder och am Verwaltungsrot vun der Entreprise stëmmberechtegt.