Covid-19 Impfungen: Firwat eis perséinlech Daten dréngend geschützt musse ginn

Published by Piraten on

Eng Datebank, an der festgehale gëtt, wien sech net wollt impfe loossen?

Ondenkbar! D’Leit géifen sech wieren; de Widderstand wär grouss.

Mee ass d’Iddi vun esou enger Datebank wierklech esou wäit hiergeholl?

Leider net.

Obwuel eist Covid-Gesetz esou eng Datebank net explizitt virgesäit, mëscht et de Wee dofir fräi.

Wéi kann dat sinn?

Dat aktuellt Covid-Gesetz gesäit fir, dass perséinlech Informatiounen iwwert all Persoun, déi sech impfe léisst, wärend 20 Joer sollen an enger staatlecher Datebank gespäichert ginn. Vu jidderengem, dee sech impfe léisst, ginn den Numm, d’Geschlecht, de Gebuertsdag, d’Telefonsnummer, d’Emailsadress, d’Matricule an Informatiounen iwwert den Impfstoff an d’Persoun, déi den Impfstoff gesprëtzt huet, an enger staatlecher Datebank gespäichert – an dat 20 Joer laang. Dat gëtt et bei kenger anerer Impfung.

Wéi schwéier ass et fir de Staat wuel eng Lëscht ze erstellen, mat alle Persounen, déi sech net impfe gelooss hunn, wann et op der enger Säit eng Lëscht gëtt, mat alle Persounen, déi hei am Land wunnen, an op der anerer, eng Lëscht mat all deenen, déi geimpft goufen?

E Kannerspill. Et kuckt ee wéi eng Awunner op der Lëscht vun de geimpfte Persoune feelen a schonn huet een déi gesichten Informatiounen.

Ass eng Datebank, an der festgehale gëtt, wien sech net wollt impfe loossen also wierklech ondenkbar? Wéi gesot, leider net.

Firwat ginn dës Daten net just esou laang gespäichert, wéi et néideg wär, fir d’Impfcampagne kënnen duerch ze féieren? Op de perséinlechen Impfpäss a bei deenen, wou wëllen, och am Dossier de soins partagés (DSP), ginn dës Date jo souwisou scho gespäichert.

D’Leit selwer hunn dës Informatiounen also.

Firwat brauch de Staat se nach emol selwer an dat och nach fir déi nächst 20 Joer?

Fir d’Recht op de Schutz vu perséinlechen Date vu alle Bierger – deenen, déi sech wëllen impfe loossen, an deenen, déi sech géint eng Impfung entscheeden – ze schützen, huet de Sven Clement den 25.01.2021 an der Gesondheetskommissioun en Dokument agereecht, fir dat aktuellt Gesetz mam kommende Projet de Loi iwwert d’Covid-Mesuren ze änneren.

D’Pirate wëllen déi onerklärlech laang Frist vun 20 Joer, ob eng novollzéibar Dauer reduzéieren. Et ass wichteg, dass gewëssen Date wärend der Impfcampagne gespäichert ginn, fir e propperen Oflaf ze garantéieren an d’Patiente viru Feeler ze schützen, déi duerch e Mangel un Informatioun entstoe kéinten. Mee dës Impfcampagne wäert keng 20 Joer daueren.

D’Pirate proposéieren an hirem Amendement vum Projet de Loi 7752 (dat ass dat Dokument, wat an der Kommissioun agereecht gouf) dofir eng Frist vun 2 Joer ab dem Moment, wou eng Persoun geimpft gëtt, fir hier perséinlech Donnéeën däerfen gespäichert ginn.

Well awer gewosst ass, dass d’Regierungsparteien sech hei warscheinlech onkooperativ weisen, an net ze erwaarden ass, dass der Fuerderung vun de Pirate wäert Rechnung gedroe ginn, hu mir direkt och nach d’Méiglechkeet virgesinn, eng Limitatioun vu 5 Joer oder souguer vun 10 Joer ze envisagéieren. Mir wäerten net stuer un eiser Fuerderung vun 2 Joer festhalen, wann sech dofir an keng Majoritéit fanne léisst. Mir wären och bereet eng méi laang Frist vu 5 oder souguer 10 Joer ze akzeptéieren, wann d’Parteien sech esou wéinstens kéinten eens ginn, dass eng Limitt vun 20 Joer vill ze vill laang ass an a kengem Verhältnis zur Verwendung vun den Date steet.

Eng Frist vun 2 Joer, wär an eisen Aen déi beschte Léisung, mee an enger Demokratie ass et och wichteg,oppe fir Kompromësser ze sinn. Mir hunn eise Schrëtt gemaach. Elo läit et un deenen anere Parteien sech ze froen, op si fir eng Politik vum gliesene Bierger stoe wëllen oder de Schutz op Privatsphär eescht huelen an op eng vun eise Proposen aginn.

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.