Covid-19 an Altersheemer – Oktober 2022Published by Piraten onD’Zuehle u Covid-19-Infektiounen sinn de Moment erëm am Gaange mat klammen.

War d’Inzidenz de 5te September nach bei 117 op 100’000 Awunner, waren et beim leschte Rapport vum 25ten September schonn 201 op 100’000 Awunner. 16,3% vun de Neiinfizéierten an der leschter Septemberwoch waren dann iwwer 60 Joer al.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi ass d’Situatioun momentan an den Alters- a Fleegeheemer? Wéi vill Léit sinn am Moment positiv op Covid-19 getest ginn (opgelëscht jee no Alters- respektiv Fleegeheem) ?Wéi vill Prozent vun de Residente sinn dat an deene jeeweilege Strukturen?Ginn et Alters- a Fleegeheemer, an deene verschidde Servicer, wéi zum Beispill d’Restauranten, virleefeg zougemaach goufen an deene leschten 8 Wochen?QP Nummer 695720221004 QP CLEMENT GOERGEN Covid-19 an Altersheemer.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.