Nach ni sinn esou vill Verbrenner duerch Lëtzebuerg gefuer wéi 2022 ?Published by Marc Goergen onAn der Äntwert op d’Fro n°6522 huet de Minister Informatiounen zum Stand vun der Elektromobilitéit ginn.

Heibäi komm eraus, dass den Undeel un E-Autoe bei den Neiumellungen zwar eropgeet, mee mol nach net d’Hallschent ausmécht. Aktuell besteet de Fuerpark mat ronn 450’000 Autoen hei am Land nach ëmmer aus Autoe mat Verbrennungsmotoren an ee Groussdeel un Neiumellunge sinn nach ëmmer Autoen, déi fossil Energië verbrennen.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi vill Autoe mat Verbrennungsmotor (inklusive Hybriautoen) goufen zënter 2013, opgelëscht pro Joer, hei am Land immatrikuléiert? Wat ass de relativen Undeel par Rapport zur Gesamtzuel un Nei-Immatrikulatiounen?Wéi huet sech de Bestand vun Autoe mat engem Verbrennungsmotor (inklusive Hybriautoen) tëschent 2014 an 2022 entwéckelt (absolut a relativ)?Wéi steet de Minister zur Behaaptung, dass nach ni esou vill Autoen mat Verbrennungsmotor hei am Land ënnerwee waren, wéi am Joer 2022?QP Nummer 695820221004 QP GOERGEN Entwécklung vum nationale Fuerpark un Autoe mat Verbrennungsmotoren.pdf Herunterladen