Crypto AG – Spionage duerch CIA a BNDPublished by Sven Clement onAus den internationale Medien ass de Public an de leschten Deeg gewuer ginn, dass d’CIA an de Bundesnachrichtendienst (BND) iwwert eng Schäinfirma an der Schwäiz mam Numm Crypto AG a ronn 120 Länner souwuel Feind ewéi och Frënd ausspionéiert hunn.

Dës Firma huet un aner Länner Verschlësselungstechnik ugebueden an huet esou iwwert agebauten Hannerdieren – sougenannte “Backdoors” – Geréiter a Softwareprogrammer vun de Clienten konnten ausspionéieren. Doduerch konnten den amerikaneschen an den däitschen Noriichtendéngscht verschlësselt Kommunikatioun iwwerwaachen a matliesen. An dem Zesummenhang hu mir dem Premierminister eng dréngend parlamentaresch Fro gestallt:Benotzt de Lëtzebuerger Staat aktuell Apparater oder Logicielle vun der Crypto AG? Ginn aner Servicer vun dëser Firma oder hiren Nofollger beusprocht? Huet de Lëtzebuerger Staat an der Vergaangenheet Apparater oder Logicielle vun der Crypto AG kaf oder agesat? Goufen aner Servicer vun dëser Firma oder hiren Nofollger beusprocht? Falls jo, wéi eng Konsequenzen zitt de Lëtzebuerger Staat aus der sougenannter Operatioun “Rubikon”? Mat héijem Respekt,Categories: Questions parlementairesTags: BNDBundesnachrichtendienstCIADeine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert. Meinen Namen, E-Mail und Website in diesem Browser speichern, bis ich wieder kommentiere.

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.