Wat dierfen Kopië vu Patientendonnéeë kaschten? – eng NofroPublished by Sven Clement onOp meng parlamentaresch Fro n°2766 iwwert de Käschtepunkt vu Kopien fir Patienten hat d’Gesondheetsministesch mir Folgendes geäntwert:“Am Gesetz vun 2014, wéi och am GDPR, ass virgesinn, dass de Responsabele vum Traitement, dem Patient eppes ka verrechnen fir Kopieskäschten vum Patientendossier ze decken, wéi och vir all zousätzlech Kopie déi gefrot ass.

An der Substanz schéngen och d’Termen “coût administratif’ a “coût de la reproduction et, le cas échéant, de l’envoi” net am Widdersproch ze stoen.Dëst ass faktesch net richteg, well am GDPR steet am Artikel 15§3 geschriwwen:“Le responsable du traitement fournit une copie des données à caractère personnel faisant l’objet d’un traitement. Le responsable du traitement peut exiger le paiement de frais raisonnables basés sur les coûts administratifs pour toute copie supplémentaire demandée par la personne concernée. […]”Dëst bedeit, datt déi éischt Kopie, dem GDPR no, näischt kaschten dierft an eréischt déi zweet Kopie dierft facturéiert ginn. Am Gesetz vum 24te Juli 2014 iwwert d’Rechter an d’Fliichte vum Patient gëtt et déi Ënnerscheedung net:“Art. 16. (3) Le patient a en outre le droit d’obtenir une copie de l’intégralité ou d’éléments du dossier patient.[…] La contribution aux frais de copie éventuellement mis à charge du patient ne peut excéder le coût de la reproduction et, le cas échéant, de l’envoi.De Wuertlaut vum GDPR ass u sech richtungsweisend: d’Mise à Disposition vun der éischter Kopie vun engem Traitement muss gratis sinn. Just d’Dispositioun vum Artikel 16 ass hei e bësse méi flou, well den Terme “éventuellement” interpretéierbar ass. Mee am Respekt vun der Hierarchie des Normes misst och, dem Wuertlaut vum Gesetzestext no, d’Bereetstellen vun enger éischter Kopie gratis sinn. Eréischt ab enger weiderer zweeter Kopie wär et, dem Wuertlaut vum GDPR no, erlaabt dës weider Kopie a Rechnung ze stellen.An deem Zesummenhang hi mir der Ministesch dës Nofro gestallt:Bleift d’Ministesch bei hirer Ausso, datt wann de Prestataire vun engem Traitement dem Patient déi éischt Kopie vun engem Dokument kann a Rechnung stellen, dës Praxis GDPR-konform ass? Falls jo, wéi ass dëst mam éischte Saz vum Artikel 15 Paragraf 3 vum GDPR vereenbar?Fro Nummer 3249

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.