Fir d’Joer 2019 an 2020, opgelëscht no Unzuel a Montanten• wéi vill Avertissements taxés goufen opgestallt?• wéi vill sinn der bezuelt ginn?• wéi vill sinn net bezuelt ginn?• wéi vill Avertissements taxés si fräiwëlleg bezuelt ginn, nodeems de Parquet saiséiert gouf?• wéi vill Ordonnances pénales goufen op Basis vun net bezuelten ATen geschwat?• wéi vill Ordonnances pénales goufe bezuelt?• wéi vill Ordonnances pénales si duerch Contrainte par corps geläscht ginn?• wéi vill Ordonnances pénales goufen ni bezuelt a si geläscht ginn?Goufe vun der Regierung an der Justiz am leschte Joer Ustrengunge gemaach, fir d’Andreiwe vun den ATen ze verbesseren? Falls jo, wéi eng?An der Äntwert op d’Fro n°1484 kann een am Tableau erausliesen, dass bei den Ordonnances pénales exekutéiert duerch contrainte par corps den Taux un Net-Residenten zimmlech geréng ass (+/– 10%).

An de Fro n°614 hat d’Regierung geäntwert“”Ausserdeem kann de Parquet général fir Net-Residenten vun der kompetenter auslännescher Geriichtsautoritéit verlaangen dat lëtzebuergescht Uerteel ze exekutéieren.””• Firwat ass dësen Taux iwwert d’Joren ewech esou niddreg?• Fir d’Joren 2013 bis 2020, bei wéi vill ATen huet de Parquet vun enger auslännescher Geriichtsautoritéit verlaangt, dat lëtzebuergescht Urteel ze exekutéieren a wéi vill Recettë konnten esou agedriwwe ginn?• Fir d’Joren 2013 bis 2020, wéi vill a wéi eng auslännesch Geriichtsautoritéiten hu vun der lëtzebuergescher Justiz verlaangt een Urteel am Bezuch mat engem onbezuelten AT am jeeweilegen Ursprongsland zu Lëtzebuerg anzedreiwen?

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.