Staark Reefäll am brasilianesche Bundesstaat Rio Grande do Sul hunn an an de leschten Deeg zu extremen Iwwerschwemmunge gefouert.

Méi wéi 88.000 Mënschen hunn hier Haiser a Wunnenge misste verloossen. D'Haaptstad Porto Alegre war temporär komplett iwwerschwemmt a vill Persoune gi vermësst oder hunn d'Iwwerschwemmung net iwwerlieft. An de leschte Méint gouf Brasilien ëmmer nees vun extreme Wiederevenementer wéi Starkreen oder Hëtzewelle getraff, wat mat vill Leed fir d'Bevëlkerung verbonnen ass. Och e puer Dausend Letzebuerger:innen liewen am Rio Grande do Sul a si concernéiert. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Plangt eis Regierung dem Bundesstaat Rio Grande do Sul a sengen Awunner:inne mat konkreten Hëllfsmoossnamen zur Säit ze stoen? Falls jo: Wéi eng Hëllefsmoossname si geplangt bzw. goufe schonns ausgefouert? D'Urgence vun der Fro gouf vun der Chamber net unerkannt. QP Nummer 69820240508 QP CLEMENT Iwwerschwemmungen am Rio Grande do Sul.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.