Protektioun vu geschützte GebaierOp der Internetsäit vum Service des sites et monuments nationaux liese mir:“La conservation, la protection et la mise en valeur du patrimoine bâti est l’affaire de tous : propriétaires d’immeubles, associations, citoyens, communes, Etat.

En effet, il y va de l’identité culturelle de tout un pays.”Am Kapitel, dat sech mat eisen Dierfer ofgëtt, steet, datt och si schützenswäert sinn, well si hu bis haut “un patrimoine culturel bâti typique qui témoigne de leur histoire et qu’il faut respecter”.Dat modifizéiert Gesetz vum 18. Juli 1983 iwwert d’Conservatioun an d’Protektioun vun den nationale Sitten a Monumenter gesäit vir, datt d’Initiative fir en Objet schützen oder enregistréieren ze loossen souwuel vun der zoustänneger Kommissioun wéi och vun enger Gemeng oder vun enger Privatpersoun komme kann.An deem Zesummenhang hu mir der Kulturministesch dës Froe gestallt:Madamm Ministesch, sidd Dir zefridden mam Rhythmus a mat der Vitesse, mat deenen am Moment Immeublen, déi schützenswäert sinn, klasséiert respektiv op de sou genannten Inventaire supplémentaire gesat ginn?Well eist Land zanter Joerzéngten en onwarscheinlech staarke Wuesstem erlieft an dofir, ënnert Anerem, ee grousse Wunnengsmangel kennt, gesitt Dir d’Gefor, datt eng grouss Zuel vu schützenswäerten Objeten zerstéiert gëtt, fir Plaz fir Residencen ze maachen ier et zu offizielle Schutzmoossname komme kann?Et ass un eis erugedroe ginn, datt et eng ganz Rei vun ale Gebaier gëtt, déi zwar op dem Inventaire supplémentaire stinn, mee trotzdeem bedeitend Transformatiounen erfueren an esouguer riskéieren, komplett defiguréiert oder zerstéiert ze ginn. An dësem Fall handelt et sech ëm e Bauerenhaff aus dem 18te Joerhonnert zu Kanech, deem seng Niewegebaier elo schonn net méi stinn. Ee weidere Fall, deen eis zougedroe gouf, ass dee vun de Päerdsställ vum Heeschdrëffer Schlass, déi anscheinend geschützt sollte ginn an trotzdeem ofgerappt goufen. Dobäi kënnt och nach en Hotel zu Rouspert op der Iechternacher Strooss, vun deem och schonn net méi vill iwwreg bleift. A schliisslech déi al Millen an déi al Molkerei vu Branebuerg, déi e komplette Relooking huet iwwert sech ergoe musse loossen. Madamm Ministesch, sidd Dir informéiert an d’Accord mat deem, wat an dësen Dossieren geschitt?Laut Gesetz huet d’Commission des sites et monuments nationaux (COSIMO) en Droit d’initiative, wann et, wéi hei, ëm de Schutz vum architektonesche Patrimoine geet. Gëtt dës Méiglechkeet och aktiv benotzt a kënnt Dir mir soen, wéi oft an de leschten dräi Joer vun dësem Droit d’initiative Gebrauch gemaach ginn ass?Wéi vill Demanden sinn an de leschten dräi Joer insgesamt erakomm, a wéi vill dovunner stame vu Gemengen a wéi vill vu Privatleit?Wéi laang dauert d’Prozedur, fir op den Inventaire supplémentaire ze kommen a wat fir eng Roll spillt dobäi den Avis vum COSIMO? Ass et virkomm oder kënnt et vir, dass dësen Avis eréischt nom Arrêté ministériel, deen d’Inscriptioun op den Inventaire supplémentaire offizialiséiert, virläit?Wéi oft ass et an de leschten dräi Joer virkomm, datt eng muttwëlleg  Zerstéierung oder eng onsachgemäss an ongeneemegt Transformatioun vun engem Objet vum Inventaire supplémentaire konstatéiert gouf a wat waren dann d’Konsequenzen?

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.