Kryptowärungen – wéi ginn se besteiert a firwat? Published by Piraten onKryptowärungen huelen un Unzuel a Wäert ëmmer méi zou.

Den El Salvador huet viru kuerzem als éischt Land op dëser Welt Bitcoins als offiziell Wärung an hirem Land unerkannt. Et ass also dovun auszegoen, dass ëmmer méi Mënschen sech wäerte fir digital Wärungen interesséiere – och zu Lëtzebuerg.Momentan erkennt d'Lëtzebuerger Regierung déi sougenannten «Coins» awer net als Wärung un:«Virtual currencies do not constitute a currency. Unlike a currency, virtual currencies are not legal tender and do not represent means of exchange whose value is guaranteed by a central bank." Trotzdeem si Gewënner aus dem Handel mat Krypto – ënnert gewësse Konditiounen – ze besteieren. D'Steierverwaltung huet 2018 dozou eng Circular erausginn. D'Piraten haten an dem Kontext nogefrot, wéi Persounen a Betriber eventuell Gewënner aus dem Handel mat den digitale Wärunge verstéiere missten. Aus der Äntwert goung ervir, dass Privatpersounen, déi ee Benefice aus digitale Wärungen erzilt hunn, dësen ënnert 'miscellaneous net income' bei hirer Steiererklärung un d'Steierverwaltung mussen uginn. Hei gëllt virun allem d'Grondreegel:'Any profit or loss made in connection with such an exchange shall constitute a profit or loss of speculation within the meaning of Article 99bis L.I.R. where the interval between the acquisition of the virtual currency and the realisation does not exceed a period of six months. It should be recalled that speculative profits are not taxable where the total profit made during the calendar year is less than EUR 500.' Deemno gëtt d'Zomm berechent aus all de Beneficer, déi ënnert den Artikel 99bis vum Steiergesetz falen, a wann dës Zomm ënnert 500€ läit, musse keng Stéiere bezuelt ginn. Och Betriber, déi hiert d'Geld a Kryptowährungen investéiere wëllen, mussen dëst uginn. Hei gëllt de Benefice aus Krypto dann als "Commercial profit". Laut Artikel 14 vum Steiergesetz (LIR) gëllt dëst am Fall wou: '[the conditions of] Paragraph 14 L.I.R. are satisfied, namely whether there is a 'self-employed activity for profit carried out on a permanent basis and constituting participation in general economic life, where that activity does not form an agricultural or forestry holding or the exercise of a liberal profession'D'Piraten ënnersetzen den Ausbau vu Kryptowärungen. Mir gesinn an dësen digitalen Wärungen eng Chance fir d'Mënschen op der ganzer Welt, fir hiert Geld genee an déi Projeten an déi Wueren z'investéieren, an déi si wëllen investéieren. Mir schwätzen eis dofir géint zousätzlech Besteierungen op dës aus. Dës Informatioune stamen aus der Circulaire 14/5- 99/3- 99bis3 an der Äntwert op d'Question parlementaire n°4821.A Steierfroen gëllt d'Wuert/d'Decisioune vun der zoustänneger Administratioun.

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.