Meenungsëmfro bei Covid PatientenVerëffentlecht vum Sven Clement denWéi aus engem Artikel vum Paperjam vum 2ten September 2020 ervir geet, schéckt de Ministère vun der Santé am Moment Meenungsëmfroen u fréier Covid-Patienten.

Des Ëmfroen anonymiséieren allerdéngs weder déi perséinlech Donnéeë vun de Befroten, wéi zum Beispill de Virnumm, d’Zesummesetzung vum Stot an den Alter, nach déi perséinlech Kommentaren, déi vireg Patienten hannerlooss hunn. Deemno kann all Mënsch, deen sech Zäit hëlt, un der Ufro deelzehuelen, dës Donnéeë consultéieren. Doriwwer eraus kann de Formulaire direkt e puer Mol ausgefëllt ginn. De Ministère huet weder op d’Nofroe vun de Journaliste vu Paperjam reagéiert, nach eppes um Formulaire geännert.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Un wéi vill Persounen ass dës Ëmfro geschéckt ginn? Wéi vill Léit hunn bis elo un dëser Ëmfro deel geholl?Kann den Ministère bestätegen, dass dësen Online-Formulaire keng Donnéeën anonymiséiert an mehrfach ausfëllbar ass? Firwat ass dat esou an wéi koum et dozou?Firwat huet den Ministère net reagéiert an dat, obwuehl d’Journalisten vu Paperjam gläich e puer Kéieren op dëse Problem opmierksam gemaach hunn?Wéini wäert de Formulaire verbessert ginn? Gouf den CNPD informéiert?QP Nummer 276120200903 QP CLEMENT Meenungsëmfro bei Covid Patienten.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.