Published by Marc Goergen onDen Educatiounsministère huet a sengem Plang fir d’Schouljoer 2020-2021 festgehalen, dass d’Stousslëften an alle Schoulen am Land muss gemaach ginn, fir d’Verbreedung vum Virus anzedämmen.

Deemools sot de Minister“qu’aussi longtemps que les conditions météorologiques le permettront, les fenêtres et les portes devront être ouvertes de manière permanente. ”Et ginn awer Schoulen, wou d’Léierpersonal aus verschiddene Grënn, d’Fënsteren net grouss opmaache kann, entweder wëll d’Fënsteren nëmme kënne gekippt ginn oder wëll d’Personal d’Schlësselen enthale gi fir se opzemaachen.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Solle déi Klassesäll, an deenen d’Léierpersonal net stouss lëfte kann, weiderhi benotzt ginn?Wat fir Alternative sinn do fir déi Klassesäll, an deenen net ka gelëft ginn?QP Nummer 364120210215 QP GOERGEN Fënsteren an der Schoul.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.