A senger Äntwert schreift de Premierminister:“”Den ILR huet am Total bis elo 44 OSE identifizéiert[…].

D’CSSF schätzt, dass manner wéi 10 Etablissementer ënnert deene vun hir festgehalene Critèrë wäerte falen an als OSE klasséiert wäerte ginn.””Wéi sinn d’Nimm vun de klassifizéierten OSEen?D’Gesetz an d’Direktive gesinn nieft den OSEen och d’Klassifizéierung vu Fournisseurs de services numériques (Digital Service Provider oder DSP) vir.Opgelëscht no de Punkten 16 bis 18 vum Artikel 2 vum Gesetz (dat sinn: Place de marché en ligne, Moteur de recherche en ligne,  Service informatique en nuage), wéi vill Organisatioune sinn zu Lëtzebuerg als Services numérique klassifizéiert ginn?Wéi sinn d’Nimm vun de klassifizéierten DSPen?Op d’Fro vun den Auditten äntwert de Premierminister:“”Audittensinn am Kader vum Gesetz vum 28 Mee 2019 méiglech awer net zwéngend, sou dass den ILR elo direkt net geplangt huet fir Auditten ze maachen.””• Wei kann den ILR seng Aufgab ouni Auditten am Sënn vum Artikel 15 (3) vun der Direktive vollzéien ?• Wéi vill Budget gouf dem ILR am Kontext vun der Direktivean dem Gesetz fir dës Missioun zougesprach ?• Sinn an deem Budget d’Ressourcë fir d’Realiséierung vun Auditte mat budgetéiert oder net?• Falls jo, wéi vill Sue goufen am Budget fir d’Auditte virgesinn a goufen eventuell scho gebraucht?Wéi vill substantiell Incidenten goufe bis dato un d’CSSF & den IRL gemellt ?

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.