Mëndlech Fro un de Bildungsminister iwwert d’Quarantaine an de SchoulenAm Kader vun der Froestonn vum 30te Juni 2020, hu mir dem Minister fir Bildung eng mëndlech Fro zu den Covid-19-Neiinfektiounen am Bildungsberäich an zu de Prozeduren, déi de Confinement vu Schoulklassen betreffen, stellen.

Notamment wollte mir wëssen:1. Wéi vill Klassen sinn aktuell an der Quarantaine?2. Wéi vill Schüler sinn aktuell an der Quarantaine?3. Ass d’Mise en Quarantaine elo d’Standardprozedur, wann et ee positive Coronafall an enger Klass gëtt?4. Ginn och d’Familljen vun engem Schüler, deen ënner Quarantaine ass, ënner Quarantaine gesat?5. Kënnen d’Elteren am Fall vun dëser Quarantaine vum Congé pour raisons familiales Covid-19 profitéieren?