Wéi vill Steiererklärunge vun Entreprisen aus dem Joer 2019 a virdru sinn nach net clôturéiert?  Kann d’Ministesch dës Zuele pro Joer (an deem d’Erklärung agereecht gouf) opschlësselen?A wéi ville Fäll gouf an deene leschten 10 Joer een Decompte vun der Administration des contributions directes (ACD) opgestallt, dee méi héich wéi 50.000 € war?A wéi ville vun dëse Fäll hunn déi betraffe Firme mat der Steierverwaltung ee Plan de paiement opgestallt?  Wat fir Zënse ginn dee Moment gefrot a vu wat ass d’Héicht vun dësen Zënsen ofhängeg?1

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.