Sech zu Lëtzebuerg umellen mat enger Reservatioun op Airbnb?Published by Marc Goergen onD’Plattform Airbnb ass viru Joren duerch d’Iddi vun der “sharing economy” bekannt ginn, wou et u sech sollt drëm goen, dass een säin Eegentum mat aneren deelt.

Dëse Geschäftsmodell ënnerscheet sech awer – Stand haut – net méi vun anere Vermëttlungsplattformen, iwwert déi Proprietären hir Wunnengen un aner Persoune verloune kënnen.  D’Locatiounen op Airbnb dauere meeschtens nëmmen e puer Wochen oder Méint.Mir gouf ee Fall zougedroen, bei deem eng Persoun, déi eng Wunneng iwwer Airbnb gelount huet, probéiert huet sech op enger Gemeng unzemellen. Dës Demande gouf vun der Gemeng refuséiert. D’Persoun huet dunn een Airbnb an enger zweeter Gemeng gebucht, déi där et dunn awer geklappt huet: d’Persoun krut d’Residence.Airbnb ass haut a verschiddenen europäesche Stied vill dofir bekannt, dass se duerch legal Grozonen d’Wunn- an d’Tourismusgesetzer aushielegt an d’Konditiounen um Wunnmarché fir vill Leit verschäerft huet. Falls et méiglech ass, dass Persounen sech iwwert Airbnb hei am Land kënnen umellen, besteet de Risiko, dass déi lëtzebuergesch Mietgesetzer kéinten ëmgaange ginn.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Si Kontrakter op Airbnb gläichzesetze mat engem normale Mietvertrag?Kann eng Persoun, déi eng Wunneng iwwer Airbnb lount, sech op enger Gemeng hei am Land umellen?  Falls jo, wéi eng Konditiounen mussen dofir respektéiert ginn?QP Nummer 694920221003 QP GOERGEN Umeldunge mat Airbnb-Kontrakter.pdf Herunterladen