Wéi vill Persoune mat Handicap goufen 2020 beim Staat agestallt?Published by Sven Clement onLaut den Zuele vum Ministère de la Fonction publique, goufen am Joer 2020 bal 2000 Persounen nei agestallt.

De gréissten Deel vun de Mataarbechter beim Staat befënnt sech an enger Karriär A1 (28%), A2 (21%) oder B1 (31%). An menge Froen n°3122, 3454 an 3493 wollt ech vun de Ministere wëssen, ob beim Staat d’Quot vu 5% fir Aarbechter mat engem Statut handicapé respektéiert gëtt. D’Ministeren haten erkläert, dass et schwiereg wier, fir déi genau Zuel vu Aarbechter beim Staat, CFL an de Gemenge mat engem Statut handicapé unzeginn, well sech de Statut vun engem Aarbechter während senger Karriär ännere kann.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi vill vun den 2020 néi ugestallte Persounen hunn ee Statut de travailleur handicapé?An wat fir Karriäre fannen sech dës Persounen erëm?QP Nummer 427020210512 QP CLEMENT Wéi vill Persoune mat Handicap goufen 2020 beim Staat agestallt?.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.