Ass dem Logementsministère bekannt, ob et och zu Lëtzebuerg Firmen oder Apps ginn, déi Servicer zur Präissbestëmmung vu Wunnengen ubidden?Wa jo, wéi eng sinn dat a wéi ginn dës kontrolléiert, fir Präisofsproochen an d’kënschtlecht Eropdreiwe vu Präisser ze verhënneren?Wéi géif de Ministère reagéieren, wann esou Softwaren zu Lëtzebuerg géif optrieden? Wat fir eng Roll kéint hei zum Beispill eng Autorité de la concurrence spillen?Wéi den Observatoire de l’habitat an de LISER viru kuerzem geschriwwen an enger Nott nach eng Kéier erkläert hunn, gëtt et zu Lëtzebuerg eng staark Konzentratioun vu Bauland.

Wéi de Fall an Amerika wéisst, sinn esou Algorithmen virun allem intressant op enger méi begrenzter Fläch, wou d’geografesch Krittären änlech bléiwen (hei zu Lëtzebuerg wier dat zum Beispill d’Proximitéit zur Stad).“Les 1 000 personnes physiques avec le plus de foncier résidentiel détiennent entre 1 135 et 1 288 hectares (selon la méthode utilisée), soit plus de 40% du foncier détenu par l’ensemble des personnes physiques. Les 10 groupes de sociétés aux surfaces constructibles pour l’habitat les plus étendues concentrent 391,3 hectares, soit près de la moitié (47,9%) de tout ce que détiennent les 1 140 sociétés avec du foncier résidentiel.”Dofir wier et an deem Kontext wichteg ze wësse, wéi sech d’Konzentratioun vu Bauland op lokalem Gemengenniveau presentéiert. Huet de Ministère hei Zuelen dozou?

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.