Den 15ten Abrëll 2024 um 19 Auer zu Koplëscht am HQ an online.Start : 19h00 ; Enn 21h00Vun der Parteileedung ware präsent:Clement Sven (online beigeschalt bis 19h30), Flor Starsky, Goergen Marc, Lau Rebecca (online beigeschalt), Liesch Camille (online beigeschalt), Mertz Gilles, Remakel Raymond, BERNARD Chris (online), CURFS Steven (online), LOMEL Ben, MONTEIRO Teresa, POLIDORI Ben, ECKER Jean-Pierre, WELTER Christian, Marie-Marthe Muller (Bezierk Zentrum), Krack Joël (Bezierk Osten)EU Walprogramm 2024 : Final Diskussioun a Vott iwwert den InhaltD’Parteileedung huet iwwert de Walprogramm fir d’EU-Wahlen 2024 diskutéiert an ofgestëmmt.

Ee klengen Historique, wéi de Programm zoustane komm ass:D’Fraktioun huet den alen EU-Programm 2019 analyséiert a gekuckt, wéi eng Positunen nach aktuell sinn a wat iwwerschafft muss ginn.Januar a Februar koumen d’EU-Kandidate:innen a verschiddene Sitzungen zesummen, fir iwwert de Programm ze diskutéieren. Revisioun vum ale Walprogramm 2019 an Abréngen vun neien Iddien op Basis vum CEEP2024, deen am Januar uvm Landeskongress ugehol gouf, souwéi de fréiere Walprogrammer.Et gouf eng AG ofgehalen (hybrid) de 26te Februar um 19h00, wou all d’Memberen per Mail invitéiert goufen an nei Iddien abruecht goufen.Déi Versioun gouf dann vum Koordinator an dem Personal an verschafft.Virun der Ouschtervakanz krut d’Parteileedung déi virleiend Versioun zougeschéckt. All Feedback gouf agebaut, ausser op verschiddene Positiounen, wat nach an der Parteileedung selwer ausdiskutéiert gouf.D’Parteileedung huet, no de Verbesserungen vu verschiddene Punkten déi lëtzebuergesch Versioun vum EU-Programm 2024 unanime ugeholl.Et gouf och decidéiert, eng franséich Iwwersetzung vum Programm an eng Versioun a leichter Sprache op d’Been ze stellen, soubal déi lëtzebuergesch Versioun fäerdeg ass.D’Parteileedung huet unanime dofir gestëmmt, dass d’Memberen online sollen de Programm ofstëmmen. Eis intern Plattform Asambleo soll dofir genotzt ginn. All stëmmberechtegt Memberen dierfen ofstëmmen bis Enn Abrëll. D’Memberen kréien déi aktuell Versioun vum Programm, déi virdrunner nach op Rechtschreiwung a Grammaire iwwerpréift gëtt.Planning vum Opbau fir d’EU Kampagne 2024De Gilles huet de virleefege Planning fir den Opbau vun eiser Kampagne presentéiert. Aus walkampftaktesche Grënn gouf dëse Punkt am Huis clos behandelt.All Pirat ass wëllkomm fir iwwert déi nächst Wochen ze hëllefen a kann sech bei der Parteileedung mellen.Et gouf ee Gesamtbudget fir den EU-Budget 2024 festgehalen. Den Detail krut d’Parteileedung an engem separaten Tableau presentéiert an erkläert. Aus walkampftaktesche Grënn gouf de dëse Punkt am huis Clos behandelt.D’Parteileedung huet de Budget fir d’EU-Walen 2024 unanime ugeholl.Annexen, déi d’Parteileedungsmemberen zougeschéckt krutenEntworf vum EU2024-Programm ; Propose Budget EU-Wahlen ; Planing fir den Opbau

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.