Wat sinn d’Detailer vum Plan d’intervention d’urgence en cas d’inondations ?Published by Piraten onDe Plan d’intervention d’urgence en cas d’inondations (PIU inondations) ass e Kriseplang, dee bei Iwwerschwemmungen am Land soll zum Asaz kommen.

De Plang gëtt declenchéiert, wann et zu enger “crue significative”, also enger staarker Iwwerschwemmung, kënnt. Gläichzäiteg gëtt et awer och e plan d’intervention d’urgence en cas d’intempéries, genannt Plan intempéries, deen declenchéiert soll ginn, wann et eng “crue subite”, also eng plëtzlech Iwwerschwemmung gëtt. Genee Definitiounen, wéini vun enger “crue subite” a wéini vun enger “crue significative” ze schwätzen ass, fanne sech an de Krisepläng net.Dëst ass awer net deen eenzege Punkt, dee Froen opwerft. Interessant ass och, dass d’Administration de la gestion d’eau mam Service de prévision des crues zwar feste Bestandeel vun der Cellule d’évaluation vum PIU inondation ass, mee net vun der Cellule de crise aus dem Plan intempéries, wou si just “en fonction des circonstances” Deel vun der Cellule de crise ka ginn.Schlussendlech bléiwen dann och nach Froen zu den Daten, mat deene wärend engem Onwierder soll geschafft ginn. Heizou heescht et am Plan intempéries:“Dans le cadre du « Plan Intempéries », seuls les prévisions et niveaux d’alerte fournis et publiés par MeteoLux (www.meteolux.lu) font foi. D’autres sources et médias sont susceptibles de fournir des informations similaires mais divergentes. Elles peuvent prêter à confusion dans l’évaluation de la situation et sont à écarter.”An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Kann d’Regierung Definitioune virleeën, aus deenen ervirgeet, wéini ee vun enger crue significative an wéini vun enger crue subite schwätzt?Wéi ee Fall war bei den Iwwerschwemmunge vum 15.07.2021 agetrueden?Gouf Mëtt Juli 2021 de PIU inondation oder de PIU intempéries declenchéiert?War d’Administration de la gestion d’eau mam Service de prévision des crues zu deem Zäitpunkt Deel vun der Cellule d’évaluation/de crise? Wéi eng aner Acteure waren Deel vun der Cellule d’évaluation/de crise?Huet d’Administration de la gestion de l’eau Mëtt Juli 2021 Héichwaasserwarnungen erausginn?Ass d’Regierung no den Evenementer vum Juli 2021, wou et Warnunge vun auslännesche Wiederdéngschter fir Lëtzebuerg gouf, ëmmer nach der Meenung, dass just MeteoLux als Referenz fir en Declenchement vun de PIU dierf genotzt ginn? Wär et net méi virsiichteg, sech ëmmer un deem offizielle Wiederdéngscht ze orientéieren, deen déi héchste Warnung fir Lëtzebuerg eraus ginn huet, fir esou op all Eventualitéite virbereet ze sinn?QP Nummer 490320210827 QP CLEMENT Wat sinn d’Detailer vum Plan d’intervention d’urgence en cas d’inondations ?.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.