Publicitéit vu Bicher duerch MinistèrenPublished by Marc Goergen onDen 18ten Oktober huet am Cercle Cité een Evenement vum Mobilitéitsministère zum Thema “Eng aner Mobilitéit fir liewenswäert Stied” stattfonnt.

Am Virfeld vun dësem Evenement gouf Reklamm fir d’Buch vun enger vun de Riednerinne via de Mobilitéitsministère gemaach. Et goufen eng Affiche a Social Media Posts vum Buch duerch de Ministère verbreet.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Huet de Ministère d’Affiche mam Titel “So geht Mobilität für alle” intern hiergestallt oder Externer fir dës Affiche bezuelt? Wa jo, wat war hei de Käschtepunkt?Wou gouf dës Affiche iwwerall vum Ministère publizéiert?Huet de Ministère Geld investéiert, fir dëst Buch per Social Media Ads ze pushen?Wat waren d’Krittären, no deenen entscheet gouf, fir dëst Buch ze fërderen?Gouf d’Autorin vum Buch vum Mobilitéitsministere fir d’Publicitéit vum Buch oder d’Participatioun um Evenement am Cercle Cité bezuelt?Kritt de Staat een Deel vun der Provisioun pro verkaaftent Buch?QP Nummer 704320221021 QP GOERGEN Publicitéit vu Bicher duerch Ministèren.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.