Wärend eng méiglech Reglementatioun vun der kënschtlecher Intelligenz am ëffentleche Raum op europäeschem an nationalem Niveau nach diskutéiert gëtt, ass hiren Asaz am Beräich vum Commerce a vereenzelte Modeller schonns Deel vum Alldag.

Am „Amazon GO“-Geschäft hëllefe Kameraen d’Kafverhale vun de Clienten ze analyséieren, esou dass dëse Modell ouni physesch Keess funktionéiere kann. An Däitschland gëtt a verschiddene Geschäfter e System vun „Veesion“ getest, deen iwwert eng spezifesch Software d’Verhale vun de Clienten analyséiert, fir präventiv potentiell Déifställ erkennen ze kennen. Zu Lëtzebuerg ass den Asaz vun esou Modeller am Commerce nach net publik ginn, ob esou Software genotzt ginn ass, ass also onkloer.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi positionéiert sech Lëtzebuerg zum Asaz vun esou Systemer déi, laut Hiersteller, potentiell kriminell Akten präventiv erkenne kënnen?Wier et professionellen zu Lëtzebuerg installéierten Acteure laut nationaler Legislatioun erlaabt, Systemer ze notzen, déi d’Verhale vu Leit op hirem Terrain mat Hëllef vu Videoiwwerwaachung a kënschtlecher Intelligenz analyséieren?QP Nummer 49520240320 QP GOERGEN AI am Commerce.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.