Délais d’Ouverture fir e Compte de Paiement CCPPublished by Sven Clement onMam Gesetz vum 13.

Juni 2017 iwwert « Comptes de Paiement » gouf zu Lëtzebuerg en « Compte de Paiement de base » agefouert, deen ënnert anerem och vun der POST ouni Fraisen offréiert gëtt. Dëse Kont ass e wichtegen Outil, fir jidderengem en Accès zu Bankkonten ze ginn, onofhängeg vun Akommes, Kreditwierdegkeet a Mobilitéit. Et ass ze verstoen, datt et duerch d’COVID-19 Pandemie zu verlängerten Delaie kënnt, elo ass et awer esou, datt Clienten, déi esou e Kont ugefrot hunn, vun Delaien, déi iwwert e Mount daueren, betraff sinn.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wat sinn d’Ursaachen dovun, datt d’Opmaache vun engem Basiskont esou laang Delaie mat sech bréngt?Wéi eng Mesure goufen en place gesat, fir datt d’Post hirer ëffentlecher Missioun nokommen an zäitno e qualitative Service offréiere kann?QP Nummer 418120210429 QP CLEMENT Délais d’Ouverture fir e Compte de Paiement CCP.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.