Ëmmer nees kënnt et vir, dass Medikamenter an den Aptikte kurzfristeg net méi disponibel sinn an erréicht no e puer Wochen ërem verkaf kënne ginn.

Grond dofir kënne Problemer um Niveau vun der Produktioun oder vum Transport sinn, mee awer och d’Kontigentéierung vu bestëmmte Medikamenter spillt hei eng Roll.  Vun enger Kontingentéierung vun engem Medikament schwätzt een, wann en Hiersteller eng bestëmmten Unzuel un Dose pro Land festleet, déi pro Mount geliwwert dierfe ginn. Wann d’Nofro an engem Land méi héich ass, wéi d’Unzuel u Medikamenter, déi dem Kontingent entspriechend geliwwert dierfe ginn, kënnt et um Enn vum Mount zu Engpäss. Wann e Land säi Kontigent opgebraucht huet, ginn nämlech keng weider Dose geliwwert – an dat och wann den Hiersteller der eigentlech nach op Stock hätt.  D’Kontingentéierung baséiert op der Idee, dass all déi beliwwert Länner iwwert dat ganzt Joer Medikamenter erhalen an et net an engem Land zu Engpäss kënnt, well an engem aneren ze vill akaf gouf. Wann d’Produktioun vun engem Medikament limitéiert ass, kann eng Kontigentéierung also zu enger méi fairer Verdeelung bäidroen. Leider héiert een awer och ëmmer nees vu Medikamenter, deenen hier Distributiounszuelen vum Hiersteller kënschtlesch niddreg gehaale solle ginn, fir Paralellexporter ze verhënneren. An dëse Fäll géif Opgrond vu wirtschaftlechen Interesse manner produzéiert a verkaf ginn, wéi méiglech wier, well d’Hiersteller sécher stelle wëllen, dass all Land just grad genuch Medikamenter kritt, fir d’Besoine vun der Bevölkerung ze decken, esou dass sech keen Exportmarché entwéckele kann an d’Hiersteller d’Kontroll iwwert de gesamte Verkaf behalen.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi eng Medikamenter, déi a lëtzebuergeschen Apdikten Akaf kënne ginn, si vun enger Kontingentéierung betraff?Wéi vill vun dëse Medikamenter konnten an de leschten 12 Méint zu engem gewëssen Zäitpunkt net méi Verkaf ginn, well de Kontingent opgebraucht war? Op wéi engem Datum waren dës Kontingenter pro Medikament pro Mount jeeweils erschöpft?An der Äntwert op d’parlamentarescher Fro N°3024 vun 2009 hat d’Regierung gesot, dass et bei de lëtzebuergesche Verkafszuele wéinst dem verhältnisméisseg klengen Effectif zu prozentual héije Schwankunge kéint kommen, déi dozou féiere géifen, dass d’Zuele vun de d’Kontingentéierungen net ëmmer richteg op de Lëtzebuergesche Marché passen. Wat gouf säitdeem gemaach, fir mat dësem Problem besser ëmzegoen?Wéi eng Beméiungen si geplangt oder goufe vun der Regierung ënnerholl, fir ze verhënneren, dass kontingentéiert Medikamenter temporär an den Apdikten net méi ze kréie sinn?QP Nummer 60020240415 QP CLEMENT Kontingentéierunge vu Medikamenter.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.