Wéini kënnt en dann, den digitalen Steierziedel?Published by Sven Clement onAm Budgetsgesetz 2021 gouf festgehalen, datt d’Prozedur vun der Fiche de retenue d’impôt ab 2021 digitaliséiert gëtt.

Am Artikel 3, Paragraf 8, steet(3b) L’administration des contributions directes est également habilitée à mettre la fiche de retenue d’impôt du salarié sous forme électronique à la disposition de l’employeur.Weider steet am folgende Punkt c), dass de Fonctionnement vun dëser Dispositioun duerch groussherzoglech Reglementer wäert gereegelt ginn. Zum haitegen Zäitpunkt ass zu dëser Dispositioun awer nach keen entspriechende Reglement ze fannen.Wéi mir opgefall ass, kruten elo, Ufank dës Joers, eng sëllege Biergerinnen a Bierger ëmmer nach eng Fiche de retenue d’impôt iwwert de Postwee an a Papeierform vum Steieramt zougeschéckt, déi si dann no der aler Prozedur beim Patron mussen ofginn.Dofir hu mir dem Finanzminister dës Froe gestallt:Ab wéini wäert déi digital Prozedur vun der Fiche de retenue d’impôt realiséiert ginn?Gëtt d’Ëmsetzung nach dëst Joer an Etappe gemaach oder gëtt vun engem Moment op deen aneren all Fiche iwwert den digitale Wee verschéckt?Bildquell: https://impotsdirects.public.lu/fr/salpens/fiche.htmlFro Nummer 3484

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.