Publikatioun vun den Avise vun den Organes consultatifsD’Deputéiertechamber stellt fest:dass d’Regierung an hirem Koalitiounsaccord festgehalen huet, dass: “De plus, le contenu des sites officiels des administrations publiques sera rendu accessible à tous les citoyens, en le présentant notamment en plusieurs langues, ainsi qu’en langage facile.

Les services en ligne des différentes administrations seront conçus de manière à être compréhensibles et faciles à utiliser pour tous les citoyens” an an dësem Sënn och de Site budget.public.lu opgestallt huet;dass d’Organes consultatifs des pouvoirs publics zu all Budget een Avis ofginn an dësen ënnert anerem un d’Chambre des Députés schécken;dass och aner Organer an Organisatiounen ewéi zum Beispill d’Lëtzebuergesch Zentralbank een Avis zum Budget kënnen ofginn;dass dës Avisen ee wichtegt Instrument sinn, fir d’Deputéiert esou gutt ewéi méiglech iwwert all d’Aspekter vum Budget z’informéieren;dass dës Avisen och kënnen den intresséierte Bierger, deen de Budget op verständlech Aart a Weis op budget.public.lu presentéiert kritt, iwwert all dës Aspekter informéieren.Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:d’Avise vun de verschidden Organer, déi um Site vun der Chambre des Députés publizéiert ginn, och um Site budget.public.lu vum Finanzministère ze verëffentlechen.Bild: Site budget.public ( https://budget.public.lu/dam-assets/lb/budget2021/links-dokumenter/PB2021-version-web.pdf )Tags: budgetfinanzministèretranparenzYour email address will not be published. Required fields are marked *Save my name, email, and website in this browser for the next time I comment.

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.