NSO Skandal – Piraten fuerderen ËmdenkenPublished by Piraten onAm Juli gouf international bekannt, dass mat der Software vun der israelescher Firma NSO, déi och ee Sëtz zu Lëtzebuerg huet, Politiker an Aktivisten ofgelauschtert ginn.

D’Piratendeputéiert Clement a Goergen haten doropshin eng Aktualitéitsstonn an der Chamber ugefrot, an där d’Justizministesch an de Bausseminister erkläert hunn, dass NSO seng Software net vu Lëtzebuerg aus verkafe géing. Lëtzebuerg ass awer och am Besëtz vun esou Softwaren, wéi de Premier an engem Interview zouginn huet. Ufank November gouf da bekannt, dass d’USA d’NSO-Grupp op hier schwaarz Lëscht gesat hunn, well NSO wier “engaging in activities that are contrary to the national security or foreign policy interests of the United States”.Och hei hunn d’Ministeren all Responsabilitéit an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vu sech gewisen a gesot Lëtzebuerg wier hei net betraff. D’Piraten si schockéiert driwwer, dass d’Regierung Spionagesoftware akaaft huet an asetzt. D’Pirate fannen et och inakzeptabel, dass d’Regierung sech absolut net bewosst ze si schéngt, wat dat fir eisen Image als Land bedeit, wa mir als Land eis net kloer géint esou Firme stellen. Mir fuerderen hei séier Verbesserungen a Punkto Kontrollmechanismen, ier den nächsten internationale Skandal bekannt gëtt, an deem Lëtzebuerg dann erëm eng traureg Haaptroll spillt.Categories: AussepolitikDigitalisatioun & MedienThemen (Newsletter)Your email address will not be published. Required fields are marked *Save my name, email, and website in this browser for the next time I comment.

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.