Verëffentlecht vum Marc Goergen denNo enger Tripartite, déi op Initiative vun de Ministere fir Mobilitéit, Aarbecht a Finanzen organiséiert gouf, huet d’Direktioun vu Luxair decidéiert un de Käschteschrauf beim Personal ze dréinen a verschidde Primmen ze sträichen an op de legale Minimum erofzesetzen.

Laut engem gemeinsame Communiqué vun der Gewerkschaften, solle folgende Ännerungen op d’Personal zoukommen:• Démantèlement des carrières par la suppression des avancements salariaux liés à l’ancienneté au-delà de 20 ans pour tous les salariés et au-delà de 15 ans pour les pilotes ;• Suspension du paiement du 13e mois pendant 3 ans ;• Suppression de certaines primes de responsabilité ;• Réduction des jours de congé au minimum légal notamment par la suppression de 4 jours chômés et du congé lié à l’ancienneté ;• Suppression du cadeau de 25 ans d’ancienneté et de la prime de départ en retraite ;• Diminution au minimum légal du taux pour travail de nuit et pour heures supplémentaires ;• Introduction du parking payant pour tous les salariés ;• Suppression de la pause payée de 15 minutes ;• Flexibilisation unilatérale des horaires de travail.Am Communiqué kritiséieren d’Gewerkschaften iwwerdeems, datt de Sozialdialog bei Luxair vun der Generaldirektioun géif mat Féiss getrëppelt ginn a kritiséieren, datt Mataarbechter als “Low Performers” ofgestempelt ginn.Elo ass et esou, datt de Lëtzebuerger Staat 39% vun den Aktië bei Luxair besëtzt an deemno ee Matsproocherecht bei strategeschen Decisiounen am Verwaltungsrot huet. Esou gesi stëmmen d’Fonctionnairen, déi eis Regierung bei Luxair vertrieden, och iwwert esou Decisiounen of. D’Responsabilitéit vun dëse Mesurë leit also och bei de Ministeren.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi steet d’Regierung zu de Mesüre vun der Generaldirektioun vu Luxair fir d’Käschte beim Personal erofzesetzen?Hunn d’Ministere Kenntnis dovunner, datt d’Generaldirektioun hiert Personal als “Low Performers” bezeechent? Wéi evaluéieren d’Ministeren dës Bezeechnung?Wäerten d’Regierung an hier Fonctionnaire-Administrateuren d’Generaldirektioun vu Luxair bei hire Pläng ënnerstëtzen a wäerten di staatlech Verwaltungsréit dës Mesurë matdroen?QP Nummer 281120200915 QP GOERGEN Sozialdialog bei Luxair.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.