2024_04_15-Piraten-KalDownloadHär Buergermeeschter, wäert Membere vu Schäfferot,esou wéi den Artikel 13 vum Gemengegesetz et virgesäit, wëll ech ee Punkt op den Ordre du Jour vum nächste Gemengerot setzen, wou et drëms geet, fir eng Ännerung um Verkéiersreglement an eiser Gemeng virzehuelen, fir esou d’ëffentlech Parkingen an der ganzer Gemeng tëschent 12h00 a 14h00 Auer gratis ze maachen.Dës Moossnam soll geholl ginn zum Wuel vun der Geschäftswelt an de Clienten an der Gemeng Käl/Téiteng.

Et géif eiser Geschäftswelt a virun allem de klenge Geschäfter, Caféen a Restaurante méi Clientë bréngen, wann d’Parken an der Mëttegstonn gratis wier. Zousätzlech Clienten bréngen zousätzlechen Ëmsaz fir d’Geschäfter a bréngen och der Gemeng duerno méi Steiergelder (Impôt commercial communal) eran.

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.