Published by Marc Goergen onA virege parlamentaresche Froen un de Mëttelstandsminister hunn ech verschidden Informatiounen zu der Online-Plattform “Letzshop” geliwwert krut.

An der Äntwert op d’Fro n°2176 huet de Minister ënnerstrach, dass d’Plattform wärend der Covid-19-Pandemie immens gewuess ass. Dëst ass natierlech engersäits de klenge Geschäfter zegutt komm, déi trotz zouenen Diere weider hier Produite konnte verkafen an doduerch hier Verloschter konnte minimiséieren.Doriwwer eraus hunn och Restaurateure probéiert hier Produiten iwwert dës Plattform unzebidden, wéi de Minister a senger Äntwert op meng Fro n°2252 wësse léisst:“”Als einfachst logistesch Léisung, déi direkt kann ëmgesat ginn, kann een op Letzshop.lu de Click&Collect ubidden, d.h. de Client kann seng online Bestellung direkt am Betrib ofhuelen. Vereenzelt Betriber hunn dës Léisung schonn ëmgesat.” ”An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:Wäert de Minister an noer Zukunft een direkte Liwwerservice fir Restauranten op Letzshop ubidden an dësen op letzshop.lu hosten (z.B. ënnert der Subdomain horesca.letzshop.lu)? Falls jo, kann hien weider Erklärunge liwweren, wéi dëse wäert funktionéieren?QP Nummer 251720200710 QP GOERGEN Letzshop mat Liwwerservice.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.