An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°399 hunn déi zoustänneg Ministeren gekläert, dass eng privatrechtlech Entitéit, déi vum Wunnengsbauministère eng finanziell Bäihëllef vu bis zu 75% vun hirer Gesamtinvestitioun fir en Immobilieprojet als “Aides à la pierre” krit, net verpflicht ass eng ëffentlechen Ausschreiwung fir dëse Projet ze maachen, ausser fir den Déifbau Deel, wann dësen Deel de Betrag vu 5.538.000 € (ouni TVA) iwwerschreit a fir Servicer am Zesummenhang mat den Déifbauaarbechten wann dës de Wäert vun 215.000 € (ouni TVA) iwwerschreiden.

De Wunnengsbauministère huet an deem Zesummenhang eng Circulaire publizéiert (Circulaire 4/2024 aux promoteurs sociaux sans but de lucre).Am Sënn vum “parallélisme des formes” missten dës Reegele deemno och fir Projete gëllen, déi vun anere Ministèrë cofinanzéiert ginn.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Fale Bauteprojeten (z.B. de Bau vun engem Foyer duerch eng ASBL oder Fondatioun), déi méi wéi 50% vum Staat cofinanzéiert ginn, ënnert d’Gesetz vun de Marchés publics a mussen hir Projeten ëffentlech ausschreiwen?Gëllt d’Reegel vun der Circulaire 4/2024 fir Projeten, déi vun anere Ministère mat méi wéi 50% co-finanzéiert ginn?Wäert d’Regierung eng weider Circulaire verëffentlechen, fir ze klären, ab wéini een duerch eng Verwaltung co-finanzéierte Projet ëffentlech ausgeschriwwe muss ginn?QP Nummer 39920240415 QP CLEMENT Ëffentlech Ausschreiwungen bei staatlech subventionnéierte Projeten – Nofro.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.