Published by Sven Clement onDen Educatiounsministère huet rezent d’Ausschreiwunge gemaach, fir ee  “pool national études surveillées” an ee “pool national accueil d’enfants” opzestellen.

De Ministère gëtt dobäi vum CGIE ënnerstëtzt, deen een Online-Aschreiwungs-Formulaire opgestallt huet, an deem perséinlech Donnéeën ergraff ginn, dorënner och d’Matricule an d’perséinlech Ënnerschrëft. Dësen Online-Formulaire kënnt vun der US-amerikanescher Firma Formstack a leeft also iwwer amerikanesch Serveren, also ausserhalb vun de Reegele vum europäeschen Dateschutz (RGPD).An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Consideréieren d’Ministeren, datt de Formstack-Formulaire deenen Dateschutzstandarden entsprécht, déi mir zu Lëtzebuerg oder an der EU uwenden?Firwat benotzt d’Regierung fir dëse Formulaire2. kee lëtzebuergeschen, voire europäeschen, Server?Ass d’Regierung der Meenung, datt eng Formstack–Ënnerschrëft den néidege Krittäre vum eIDAS entsprécht, wëssend, datt mat der Ënnerschrëft eng Consultatioun vum Casier judiciaire erlabt soll ginn?QP Nummer 219420200513 QP CLEMENT Datenerhiewung per Formstack?.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.