De 16te Mee 2023 huet d’Chamber de Gesetzesprojet 8156 ugeholl, mat deem de Programm «Medium Earth Orbit Global Services » (MGS) finanzéiert sollt ginn.

Bei dësem Programm geet et drëms zesumme mat den USA Kapazitéiten vun engem Satellittesystem bei der SES ze kafen.D’Rapportrice vum Gesetzesprojet huet deemools gesot, dass de System Enn 2023 oder Ufank vun dësem Joers kéint operationell sinn an eis Arméi dann domadder ufänke kéint mat schaffen. Grad wéinst dem Iwwerfall vun der Ukrain duerch Russland kéint Lëtzebuerg esou och der Ukrain Kapazitéiten vu Satellitten zur Verfügung stellen.Stand haut ass de System awer net operationell.An deem Kontext wëll ech mat der zoustänneger Ministesch iwwert de Stand vum Projet Medium Earth Orbit Global Services (MGS) diskutéieren a wësse bis wéini de Projet operationell ass an een der Ukrain déi néideg Kapazitéite liwwere kann.Erweidert Fro n°8

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.