Laut der Äntwert op d’QP 4857 hunn 52 Entreprisen eng Ufro fir Hëllefen no den Iwwerschwemmunge gemaach.

Laut Äntwert op d’Fro n° 4793 hunn 156 Entreprisë Kuerzaarbecht wéinst den Iwwerschwemmungen ugefrot. Wéi vill Aiden u Betriber, déi vun den Iwwerschwemmunge getraff waren, goufe bis elo ausbezuelt (opgelëscht no dem Mount, an deem d’Aiden ausbezuelt gouf)?Wéi laang hunn d’Betriber an der Moyenne missen nom Areeche vun enger Demande op ee Versement vun den Aide waarden? Wat war hei dee kierzten Delai? Wat war de längsten?Wéi vill Aiden si bis elo u privat Persounen ausbezuelt ginn, déi vun den Iwwerschwemmunge getraff waren (opgelëscht nom Mount, an deem d’Aiden ausbezuelt goufen)?Wéi laang hu Privatpersounen an der Moyenne missen nom Areeche vun enger Demande op ee Versement vun den Aide waarden? Wat war hei dee kierzten Delai? Wat war de längsten?Wéi vill Demanden vu Betriber sinn net aktzeptéiert ginn? Wat waren hei d’Haaptgrënn?Wéi vill Demande vu Privatpersounen sinn net aktzeptéiert ginn? Wat waren hei d’Haaptgrënn?Wéi vill vun der Enveloppe vun 100 Milliounen Euro fir d’Iwwerschwemmungsaffer gouf schlussendlech ausbezuelt?

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.