Den 11te Mäerz huet Greenpeace eng Plainte bei der OECD géint de Pensiounsfong (FDC) agereecht.

Greenpeace reklaméiert, dass d’Investitiounsstrategie vum Pensiounsfong net d’Guidelines for Multinational Enterprises vun der OCED respektéiert, well et un due digilence Aarbecht feelt. Laut ESG Investor ( https://www.esginvestor.net/luxembourg-sovereign-pension-fund-subject-to-oecd-complaint/ )  wënscht Greenpeace sech mat dëser Mediatiounsprozedur erëm een Austausch tëscht dem FDC an der ONG selwer.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi positionéiert sech d’Regierung als Deel vun dem Conseil d’administration vum FDC zu dëser Plainte bei der OECD?Wäert d’Regierung sech dofir asetzen, dass den FDC sech erëm mat Greenpeace an aneren Organisatiounen an der Zivilgesellschaft un den Dësch setzt, fir iwwert d’Investitiounsstrategie ze schwätzen?QP Nummer 56220240402 QP CLEMENT Greenpeace géint Pensiounsfong.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.