Schafft d’Regierung mat LU-CIX oder Acorus Networks zesummen? Wa jo, wéi gesäit dës Zesummenaarbecht aus?Ass d’Regierung der Meenung, datt Lëtzebuerg am Domaine DDoS Scrubbing gutt genuch opgestallt ass?Den deemolege Premier Xavier Bettel hat 2018 ugekënnegt, dass een “Centre national de mitigation des attaques DDoS pour les situations de crise” soll opgebaut ginn.

Ass den DDoS Scrubbing am Moment schonn aktiv? Wa jo, säit wann? Wa nee, firwat net?An der Äntwert op d’Fro n°522 erkläert de Premier: “Le système est conçu pour être hautement redondant et il est distribué sur différents centres de données.”Wéi konnt et dann awer dozou kommen, dass et ongeféier 6 Stonne gedauert huet bis d’Site, fir déi den CTIE zoustänneg ass, erëm online waren?

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.