Waasserknappheet: D’Phase de Vigilance gouf declenchéiertPublished by Sven Clement onGëschter, um 13.07.2022, hunn den Ëmweltministère an d’Waasserwirtschaftsamt e Communiqué eraus ginn, deen doriwwer informéiert, dass zu Lëtzebuerg opgrond vun den héijen Temperaturen an de feelenden Nidderschléi bis op Weideres eng “Phase de vigilance” declenchéiert gouf, déi d’Waasserkonsomatioun betrëfft.

Niewent Recommandatioune fir Privatleit enthält de Communiqué och en Appel un d’Entreprisen an d’Gemenge mat de Wieder: “Secteur communal et professionnel: Cet appel s’adresse également aux communes et aux entreprises, qui peuvent limiter l’utilisation de l’eau potable au strict nécessaire, notamment en optimisant l’arrosage des espaces verts, en évitant l’utilisation des nettoyeurs à haute pression, ou encore en mettant à l’arrêt les fontaines publiques.” Trotz dësem Appell konnt ee gëschter an haut an der Haaptstad awer nach gesinn, wéi de Pawee mam Hochdruckreiniger gebotzt ginn ass.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi gouf de Communiqué un d’Gemenge weidergeleet?Kruten d’Gemengen iwwert de Communiqué eraus detailléiert Recommandatiounen, déi d’Waasserkonsomatioun betraff hunn?QP Nummer 648320220715 QP CLEMENT Waasserknappheet: D’Phase de Vigilance gouf declenchéiert.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.