Published by Sven Clement onWärend dem Confinement konnten Eltere vun engem Congé pour raisons familiales Covid-19 profitéieren, fir esou op hier Kanner opzepassen.

Dëse Congé leeft de 15te Juli 2020, mat der Reouverture vun de Crèchen, aus.Elo ass et awer esou, datt vill Crèchen Integratiouns– an Adaptatiounswochen organiséieren. Dat heescht konkret, datt d’Kanner nëmmen e puer Stonne betreit kënne ginn an deemno wéi eréischt Schluss Juli bis Ufank August hir Kanner kënnen an d’Crèche schécken.Vill Eltere befannen sech deemno an enger Zwéckmillchen, well si net méi vum viru genannte Congé profitéiere kënne wärend d’Betreiung fir d’Kanner net dee ganzen Dag iwwer assuréiert ginn. D’Employéeë sinn also eleng op de gudde Wëll vun hirem Patron ugewisen.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:Besëtzt de Bildungsminister Kenntnis vun dëser Situatioun a wäert hien dësen Elteren entgéint kommen?QP Nummer 254020200715 QP CLEMENT Congé Spécial COVID-19.pdfHerunterladenDemande de congé pour raison familiales (COVID-19) – Nofro

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.