Kryptowärungen – wéi ginn se besteiert a firwat?Published by Piraten onKryptowärungen huelen un Unzuel a Wäert ëmmer méi zou.

Den El Salvador huet viru kuerzem als éischt Land op dëser Welt Bitcoins als offiziell Wärung an hirem Land unerkannt. Et ass also dovun auszegoen, dass ëmmer méi Mënschen sech wäerte fir digital Wärungen interesséiere – och zu Lëtzebuerg.Momentan erkennt d’Lëtzebuerger Regierung déi  sougenannten «Coins» awer net als Wärung un:«Les monnaies virtuelles ne constituent pas une devise. Contrairement à une devise, les monnaies virtuelles n’ont pas de cours légal et ne représentent pas de moyens d’échange dont la valeur est garantie par une banque centrale.»Trotzdeem si Gewënner aus dem Handel mat Krypto – ënnert gewësse Konditiounen – ze besteieren. D’Steierverwaltung huet 2018 dozou eng Circulaire erausginn. D’Piraten haten an dem Kontext nogefrot, wéi Persounen a Betriber  eventuell Gewënner aus dem Handel mat den digitale Wärunge verstéiere missten.Aus der Äntwert goung ervir, dass Privatpersounen, déi ee Benefice aus digitale Wärungen erzilt hunn, dësen ënnert «revenus nets divers» bei hirer Steiererklärung un d’Steierverwaltung mussen uginn.Hei gëllt virun allem d’Grondreegel:«Tout bénéfice ou perte réalisé dans le cadre d’un tel échange constitue un bénéfice ou une perte de spéculation au sens de l’article 99bis L.I.R. lorsque l’intervalle entre l’acquisition de la monnaie virtuelle et la réalisation ne dépasse pas une période de six mois. Il y a lieu de rappeler que les bénéfices de spéculation ne sont pas imposables lorsque le bénéfice total réalisé pendant l’année civile est inférieur à 500 euros.»Deemno gëtt d’Zomm berechent aus all de Beneficer, déi ënnert den Artikel 99bis vum Steiergesetz falen, a wann dës Zomm ënnert 500€ läit, musse keng Stéiere bezuelt ginn.Och Betriber, déi hiert d’Geld a Kryptowährungen investéiere wëllen, mussen dëst uginn. Hei gëllt de Benefice aus Krypto dann als « Bénéfice commercial ». Laut Artikel 14 vum Steiergesetz (LIR) gëllt dëst am Fall wou : «[les conditions de] l’article 14 L.I.R. se trouvent remplies, à savoir s’il y a une « activité indépendante à but de lucre exercée de manière permanente et constituant une participation à la vie économique générale, lorsque ladite activité ne forme ni une exploitation agricole ou forestière ni l’exercice d’une profession libérale »D’Piraten ënnersetzen den Ausbau vu Kryptowärungen. Mir gesinn an dësen digitalen Wärungen eng Chance fir d’Mënschen op der ganzer Welt, fir hiert Geld genee an déi Projeten an déi Wueren z’investéieren, an déi si wëllen investéieren. Mir schwätzen eis dofir géint zousätzlech Besteierungen op dës aus.Dës Informatioune stamen aus der Circulaire 14/5- 99/3- 99bis3 an der Äntwert op d’Question parlementaire n°4821.A Steierfroen gëllt d’Wuert/d’Decisioune vun der zoustänneger Administratioun.

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.