Published by Marc Goergen onBiergerinnen a Bierger kënne bei hirer Steiererklärung uginn, dass si eng Spend vu mindestens 120€ un eng agreéiert Asbl gemaach hunn.

Um Site vun der Steierverwaltung fënnt een d’Nimm vun all den unerkannten Asblen (https://impotsdirects.public.lu/fr/az/l/libera_dons.html#releve%23releve). Verschidden Organisatioune si scho säit Joerzéngten op dëser Lëscht.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Gëtt eng Kontroll gemaach vun den Associatiounen op der Lëscht, fir z’iwwerpréiwen, ob si nach ëmmer all agreéiert sinn?Wéi ginn Daachverbänn kontrolléiert, déi d’Spenden un aner Associatioune kënne weiderleeden?Wéi gëtt kontrolléiert, dass eng Persoun, déi Member vun enger Asbl ass, keng Spende steierlech ofsetzt, vun där si spéiderhi perséinlech profitéiere kann?QP Nummer 531420211130 QP GOERGEN Wie kontrolléiert d’Asblen?.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.