Viru Kuerzem huet de Minister Henri Kox op d’parlamentaresch Fro vum Deputéierte Mars Di Bartolomeo mat iwwer 30 Froe geäntwert.

Dës Lëscht vu Froe géif ausdrécken “datt et am Logement eng ganz Rei Sujete ginn, iwwert déi de Ministère gären eng besser Datelag hätt a wéilt fuerschen”. An der Heure des questions vum 18ten Abrëll goufe vum Minister zwar schonn e puer Punkten ugeschwat, trotzdeem bleiwen nach vill oppe Froen.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi kann de Ministère dofir suergen, dass de private Immobiliësecteur méi Wunnengen entwéckelt, déi op d’Finanzéierungskapazitéit vun de mëttleren Akommesstéit zu Lëtzebuerg passen?Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?Wéi een Undeel haten d’Loyeren op d’Entwécklung vun de Lëtzebuerger Immobiliëpräisser an de leschten zwanzeg Joer?Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?Wéi kann bei der Entwécklung vun neie Logementer den Impakt op d’Äerderwiermung limitéiert ginn?Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?Wéi kann ee gutt Zesummeliewen a stättesche Quartieren, déi ëmmer méi dicht bebaut ginn, assuréiert ginn?Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?Wat ass déi duerchschnëttlech Wunnfläch pro Awunner an no de Regiounen a Kategorie vum Alter oder der sozio-ekonomescher Situatioun zu Lëtzebuerg? Wéi sinn dës Moyenne am Vergläich mat dem Duerchschnëtt vun eisen Nopeschlänner?Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?Wat wier déi noutwenneg Wunnfläch pro Awunner fir den Erausfuerderunge vun enger nohalteger Entwécklung gerecht ze ginn?Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?Wat ass d’Virstellung vu bezuelbare Wunnraum fir jonk Leit, fir Leit iwwert 60 Joer a fir Famillen? Wéi hunn sech dës Virstellungen zanter den 1980er Joren entwéckelt? Entsprécht de Lëtzebuerger Wunnengsbau dëse Virstellungen?Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?Wéi ka potenzielle Wunnraum zu Lëtzebuerg mobiliséiert ginn, fir de verfügbare Wunnraum besser ze notzen a gläichzäiteg déi wirtschaftlech Widderstandsfäegkeet vun de Stéit ze stäerken?Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?Wéi eng Auswierkungen wäert d’proposéiert eng Mobiliséierungssteier hunn op d’Bereetschaft vun de Propriétairen hir Terrainsreserve fir Wunnengen auszebauen? Wéi eng Korrelatioune ginn et tëscht dem Niveau vum Steiersaz an der Entwécklung vum Logement?Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen d’Gesetz z’evaluéieren esou baal et a Kraaft ass, a wa jo, wéi oft soll dës Evaluatioun gemaach ginn?Wéi ka séchergestallt ginn, datt eng Mobiliséierungssteier fir d’Entwécklung vu Wunnenge keen negativen Impakt op d’Evolutioun vun de Präisser huet a gläichzäiteg ze assuréieren, dass d’Entwécklung vu neiem Wunnraum konform mam PDAT ass?Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?Wat fir en Impakt huet eng Leerstandsteier op d’Dispositioun vun de Propriétairen, fir dës Appartementer ze lounen? Wat fir een Impakt hätt eng méi substantiell Offer vun der Gestion locative sociale op d’Mobiliséierung vun onbewunnte Wunnengen?Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?Wéi bewäert de Ministère den Impakt vun der masse monétaire op d’Evolutioun vun Immobiliëpräisser an Europa?Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?Wéi ass den Taux vun de Recoursen op aner individuell Hëllefe fir een Zougang zu Immobilien ze kréien?Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?Wéi kënnen d’Käschte fir den Acteur fir d’Gestion locative sociale méi präzis bewäert ginn?Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?Wéi kann d’Produktivitéit vum Bausecteur verbessert ginn, déi an e

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.