Zu Schëffléng am Restaurant Buggy.Et ware präsent: Steven Curfs, Chris Bernard, Paula Couto, Ben Lomel, Marc Goergen, Monteiro Teresa, Sonya Scalise, Chris Bernard, Gilles Mertz, Tammy Broers.D’Sektioun Käl huet fir den 16ten Abrëll eng AG aberuff, wou een neien Comité gewielt gëtt.

Rendez-vous am Café op der Place.Blummemaart Sonndes 12te Mee 2024: d’Sektioun Käl mécht d’Organisatioun. D’Personal vun der Partei riicht do op an of. Se kréien och d’Flyeren fir d’EU-Wahlen gestallt. Et geet nach eng Invitatioun un d’Partei.Summerfest vun der Partei 7te Juli 2024. Et geet nach eng Invitatioun un d’Partei. Eventuell erëm mat Paella HotDog fir Kanner. Béier-Eck. Zu Käl. 2 Zelter gebraucht. Personal muss do dispo sinn fir ze hëllefen.Gay Pride + Braderie 13te/14te Juli zu Esch.Braderien: d’Personal huet eng Lëscht preparéiert fir déi nächst Braderien déi ustinn. Nächst Event ass den 20ten Abrëll 2024 zu Diddeleng.Eemaischen 1ten Abrëll: jiddereen ass invitéiert fir Eeër auszedeelen. D’Personal mécht de Büro an der Stad ab 9h00 op, wou d’Eeër stockéiert sinn.Kongress Osten den 18ten Abrëll 2024. Mail maachen un d’Parteileedung + Partei.Feedback Relais pour la vie: et ass schued, dass net méi Leit hei matgelaf sinn. Generell huet de Südcomité d’Meenung opgestallt, dass mer, ier mer bei Eventer matmaachen, am Viraus garantéiert hunn, dass genuch Leit op deem Weekend disponible sinn. De gudden Zweck wäerte mer awer weiderhinn ënnerstëtzen mat engem Don.Informatioun vum Tresorier a vun der Südtresorière zum aktuelle Stand vun de Finanzen am Südbezierk.Et gouf och de Point gemaach iwwert d’Ofgaben vun de Jetongen aus deene verschiddene Sektiounen. De Punkt gëtt am nächste Südcomité nach eng Kéier präziséiert.Invitation vum Südbezierk fir an alle Sektiounen een neien Comité ze wielen.Iddi gouf vun der Sektioun Péiteng an de Raum bruecht, fir bei gréissere Projeten an der Gemeng eng Ëmfro ze maachen bei de Bierger:innen, éiert se am Gemengerot ofgestëmmt ginn. D’Iddi gouf positiv begréisst am Comité. D’Fro stellt sech natierlech, iwwert wéi eng Plattformen een d’Leit am beschten erreescht. D’Piraten kënnen op hir intern Plattform “Asamblea” zeréckgräifen. Donieft kënnen Ëmforen op Social Media och de Puls bei de Leit fillen. Letztendlech bleiwen klassesch Pisten, wéi zB Bréiwer eng Optioun, mee dat ass mat méi Käschten an zäit verbonnen.fro.lu sollt op Gemengenniveau agebaut ginn, fir dass d’Leit hirem Gemengeconseiller kënne Froen schreiwen—> Punkt gëtt op der nächster Parteileedung opgesat.Et wäert een Appel un d’’Memberen erausgoen, fir sech an de konsultative Kommissiounen ze mellen.Resolution Police: Zu Péiteng gouf eng Resolutioun presentéiert, fir Polizisten erëm an d’Südkommissariater. Aner Sektiounen hu sech dofir ausgeschwat, bei dësme Thema och drun ze bleiwen an hire Gemengeréit.Nächst Comitéssitzung: Den Dënschden 21te Mee ab 19h00 zu Esch

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.