Mam Gesetz vum 10te Juli 2011 iwwert d’Organisatioun vum l’Institut national de la statistique et des études économiques (STATEC) gouf festgehalen, wéi de STATEC mat vertraulechen Daten ëmgoe soll.

Daten, déi direkt oder indirekt op eng Personne physique oder morale verweisen, dierfen net diffuséiert ginn. An engem klenge Land wéi Lëtzebuerg kann et ëmmer nees virkommen, dass beim Erhiewe vun Date gewësse Fäll esou seele virkommen oder esou speziell sinn, dass ee vun den Zuelen op Persounen, Gruppen oder Entreprise schléisse kéint. Ass dat de Fall, ass de STATEC verflicht, dës Date virun der Diffusioun esou unzepassen, dass keng Ofleedung méi méiglech ass. Konkret heescht et am Gesetz:“Le STATEC garantit la non-divulgation de données à caractère confidentiel lors de la diffusion de résultats statistiques, à l’exception de la statistique du commerce extérieur. Pour cette dernière, les données détaillées qui permettent l’identification indirecte d’un exportateur ou d’un importateur résidant ne sont rendues confidentielles qu’à la demande de l’opérateur économique concerné, adressée au STATEC.Les données utilisées pour la production de statistiques sont considérées comme confidentielles lorsqu’elles permettent l’identification, directe ou indirecte, d’une personne physique ou morale ou comportent un risque de divulgation d’informations individuelles. Pour déterminer si une personne physique ou morale est identifiable, il est tenu compte de tous les moyens dont on pourrait raisonnablement admettre qu’ils puissent être utilisés par un tiers pour identifier ladite personne.”Am digitalen Zäitalter, wou Datesäz a kierzter Zäit vu Computerprogrammer analyséiert kënne ginn, ass d’Garantie vun der Confidentialitéit net ëmmer einfach. Et muss net nëmme kontrolléiert ginn, op d’Zuelen direkt op d’Identitéit vun enger Persoun, Grupp oder Firma verweisen, mee et muss och garantéiert ginn, dass een net iwwert eng Rechnung Zuelen erhale kéint, déi d’Identitéit oppeleeën. Dat ka mat engem héijen Aarbechtsopwand verbonne sinn.Fir ze vermeiden, dass des Aarbecht néideg gëtt bei all Demande, fir mat den Daten ze schaffen, gesäit d’Gesetz vir, dass confidentiel Daten och um Site vum STATEC fir wëssenschaftlech Zwecker dierfe gekuckt a gebraucht ginn. Dat huet fir d’Wëssenschaftler:innen och de Virdeel, dass si mat den original Date schaffe kënnen, an net mat Datesäz, déi no de primären a secondaire Reegele vun der Confidentialitéit ugepasst goufen, an dofir eventuell net méi esou vill Informatiounen enthalen. Am Gesetz steet dozou:“Le STATEC peut accorder, à des fins scientifiques, l’accès, dans ses locaux, à des données confidentielles. La recevabilité de la demande et l’autorisation d’accès à des fins scientifiques aux données confidentielles sont subordonnées à l’examen du bien-fondé et de l’intérêt scientifique des projets de recherche pour lesquels l’autorisation est sollicitée, ainsi qu’à l’examen de la qualification scientifique du ou des demandeurs.”Etuden a Resultater, déi iwwert dëse Wee entstinn, mussen dem Gesetz no virun hirer Publikatioun dann och nach emol vum STATEC kontrolléiert ginn:“Les études et résultats des recherches susceptibles d’être publiés ou diffusés sont vérifiés par le STATEC pour éviter la divulgation de données confidentielles.”Allerdéngs schaffen net just Wëssenschaftler:innen hei zu Lëtzebuerg mat de Statistike vum STATEC. Och vun internationaler Säit gëtt Lëtzebuerg oft gebieden, Zuelen ze liwweren – z. B. fir Analysen um Niveau vun der EU oder OECD.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Gëtt de STATEC bei Ufroen aus dem Ausland just Statistike weider, déi no de Reegele vun der primärer a secondairer Confidentialitéit ugepasst goufen?Wéi oft huet de STATEC an de leschte 5 Joer Datesäz/Statistiken an d’Ausland weiderginn (z. B. un d’OECD oder fir en EU-Projet, mee och un individuell Wëssenschaftler:innnen)?Wéi vill Datesäz/Statistike sinn un individuell Wëssenschaftler:innnen eraus gaangen a wéi vill jeeweils un d’EU, d’OECD oder eng aner Entitéit?Wat geschidd, wann Datesäz/Statistiken, déi vum Ausland ugefrot ginn, aus Grënn vun der Vertraulechkeet missten esou ugepasst ginn, dass se manner Informatiounen enthalen an oder hir Upassung mat engem onproportional héijen Aarbeschtsopwand verbonne wier?Goufen dës Daten dann net weiderginn, esou dass se just sur place beim STATEC consultéiert gi sinn?Oder goufen d’Informatiounen dann trotzdeem weiderginn, obwuel keng oder keng vollstänneg Upassung no de Reegele vun der primärer a secondairer Confidentialitéit gemaach gouf?Wéi oft huet de STATEC an de leschte 5 Joer Datesäz/Statistike fir eng Consultation sur place fräiginn?Wéi vill Datesäz/Statistiken si vun individuelle Wëssenschaftl

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.