D’Arméi huet verschiddenen Zaldoten um Virowend vun Nationalfeierdag d’Permission de Nuit Permanente gestrach.

Vun dëser Decisioun waren Zaldote vun der Cie d’Honneur, déi un der Militärparad deelgeholl hunn, betraff a goufen um 23h00 Auer an d’Kasären zeréckgeruff.De Staatsrot huet an sengem Avis n°60.760 iwwert de Gesetzesprojet 7880 geschriwwen, dass d’fräiwëlleg Zaldoten, no der Opfaassung vum Gesetzesprojet, net mat Staatsbeamte gläichsetze sinn:“L’article 62 est le premier article de la section 3 ayant trait au statut de soldat volontaire de l’Armée, qui est un statut sui generis, étant donné que les soldats volontaires sont soumis ni au statut de la fonction publique ni considérés comme employés ou salariés de l’État au sens des lois spécifiques à ces situations.”De Minister huet dat selwecht och an der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°7778 geschriwwen:“Den Zaldot ass kee Staatsbeamten an d’Zaldote falen och net an de Champ d’application vum Gesetz vum 1. August 2018 […].”Deementspriechend wier den Artikel 7 vum Statut Général – Heures supplémentaires – astreinte à Domicile an dësem Fall net uwennbar.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wat ass d’Motivatioun fir dës Decisioun an op wéi enger legaler Basis fousst se?Ass d’Procédure administrative non contentieuse (PANC) respektéiert ginn?Firwat gëtt an dësem Fall eng Differenz tëschent de Militaires de Carrière an de fräiwëllegen Zaldoten gemaach?Ob Basis vu wéi enge legalen Dispositiounen ginn déi vun dëser Decisioun betraffe Leit kompenséiert?Si fir sämtlech Leit, déi un der Parade deel geholl hunn, déi maximal 10 Schaffstonnen an de minimale Repos tëschent 2 Schaffdeeg respektéiert ginn?QP Nummer 813020230705 QP GOERGEN Ënnerscheedung tëschent fräiwëllegen Zaldoten a Staatsbeamten.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.