FRO.LU: Weider Penurie beim medezinesche Cannabis?Published by Sven Clement onNo der leschter Liwwerung vu medezineschem Cannabis am September kënnt et momentan, laut mengen Informatiounen, schonn erëm zu enger Rupture de Stock vu Cannabis mat engem 18% an 10% THC-Gehalt.

D’Santésministesch hat Enn August erkläert, dass ronn 30kg bestallt wieren, an am September geliwwert géife ginn.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wei héisch ass de momentane Stock un medezineschem Cannabis mat 10% THC an 10% CBD Gehalt?Wei héisch ass de momentane Stock un medezineschem Cannabis mat 18% THC a manner wéi 1% CBD Gehalt?Fir wéini ass déi nächst Liwwerung vu medezineschem Cannabis geplangt?Wäert d’Regierung ee méi héije Budget fir den Akaf vu medezineschem Cannabis fir 2022 ufroen, fir esou Penurien an Zukunft ze verhënneren?Wat fir Quantitéite plangt d’Ministesch fir 2022 anzekafen?An der Äntwert op parlamentaresch Fro n°4556 hat d’Ministesch erkläert, dass beim neie Fournisseur och Cannabis-Ueleg bestallt soll ginn. “Schlussendlech kann een nach erwänen datt mat dësem neien Marché deen elo attribuéiert gouf, et och fir déi éischt Kéier méiglech wäert sinn konformen Cannabis Ueleg ze sécheren. Dësen Ueleg stëllt virun allem eng Plus value duer wëll dësen méi einfach an der Therapie agesat kann ginn an dofir och vill méi einfach ze handhaben ass.” An der Äntwert op d’Fro n°4797 gouf de Cannabis-Ueleg awer net méi erwäänt. Huet de Ministère scho Cannabis Ueleg akaaft?• Wa jo, wéi vill Ueleg gouf fir 2021 kaaft a wéi vill ass fir 2022 virgesinn?• Wa nee, firwat net?Fro n°5147Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.luQP Nummer 514720211025 QP CLEMENT FRO.LU: Weider Penurie beim medezinesche Cannabis?.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.