Laut dem Mesurëpak vun der Regierung, soll de Cannabisubau mat bis zu 4 Planzen doheem erlaabt, de Besetz awer weiderhi strofbar bleiwen.

Nëmme bei Quantitéiten ënnert 3 Gramm soll de Bierger manner staark gestrooft ginn. An den Ae vun eis Piraten dréit dës Mini-Mesure net zou enger Entlaaschtung vun der Police bäi, nach wäert se Lëtzebuerg am Kampf géint den Verkaf vun Drogen um Schwaarzmaart weiderhëllefen.D’Regierung setzt och weiderhinn léiwer op invasiv an ineffektiv Moossnahmen, wéi d’Kameraiwwerwaachung, déi all d’Biergerinnen a Bierger ënnert Grondverdacht stellt, wéi sech wierklech mat der Kriminalitéit ronderëm den Drogekonsum ze beschäftegen. Hei schéngen verschidden Mesuren vun der CSV iwwerholl, an eng Law and Order Politik promovéiert ze ginn.Fir eis Piraten geet dës Politik dee komplett falsche Wee. D’Piratepartei fuerdert nach ëmmer eng komplett Legaliséierung vum Cannabis fir den Eegekonsum fir Volljäreger. Nëmmen esou brénge mir d’Kriminaliséierung vun de Cannabis-Konsumenten op een Enn ze bréngen an entlaaschten eis Police.D’Problematik vum Drogekonsum erschléisst sech aus dem Abus vu süchteg-maachende Substanze – e Problem net vun der Justiz, ma vum Gesondheetssystem. Eng konsequent Opklärungs- a Suchtpräventiounsaarbecht ass de Grondstee vun enger moderner Drogepolitik.D’Piratenspriecherin Rebecca Lau seet dozou:

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.