Published by Carole onNewsletter September 2022:Ahoi !d’Schoul ass erëm un an dat bedeit och, dass d’politesch Rentrée virun der Dier steet – déi lescht politesch Rentrée virum Superwahljoer 2023!De Mount September war schonn direkt gutt gefëllt mat enger Chamberssitzung zum Tripartite-Accord, wou et ëm dee berüchtegte Präisdeckel um Gas a Stroum goung.

Eis Meenung dozou fënns du hei: https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3720/sequence/208768.htmlNatierlech goufe wéi ëmmer och vill parlamentaresch Froe gestallt a beäntwert.Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren nach net. D’Äntwerte ginn ëmmer am Websäitebäitrag ënnert der Fro verlinkt, soubal dës virleien. Wann dir also virwëtzeg sidd, wat d’Regierung zu enger vun den nach net beäntwerte Froe wäert soen, surft roueg an e puer Wochen nach emol mat de Links  op dëser Säit laanscht a kuckt iech d’Äntwerten un.Wie Heise online den 3ten September mellt, sinn Dokumenter vun der leschter an aktueller Bundesregierung déi drop hiweisen, dass d’Ministeren an d’Kanzlerin sech vun de Lobbyisten a Cheffe vun den Impfstoffhiersteller beaflosse gelooss hunn. Esou ass ënnert dësen Dokumenter eng Email vum CEO vu Pfizer an der hien der Bundeskanzlerin d’Kommunikatioun an Argumenter géint eng Fräigab weiderleet. De Sven Clement huet nogefrot, ob d’Regierung och hei esou Kontakter hat.Den 28ten September hunn 13 Memberstaaten un d’EU Kommissioun ee Bréif geriicht fir ee Gaspräisdeckel. Lëtzebuerg huet de Bréif net mat ënnerschriwwen. Mir Piraten hunn d’Regierung an der Chamber gefrot, fir de Bréif awer z’ënnerstëtzen. Do krute mir gesot, dat wier scho gemaach, Lëtzebuerg géing de Präisdeckel mat ënnerstëtzen. D’Majoritéitsparteien an déi Lénk hunn eis Motioun dann och verworf. 2 Deeg duerno huet eis Regierung dann elo awer “Bedenken”. Mir Pirate fuerderen d’Regierung op zu hirem Wuert an der Chamber ze stoen ! Et kann een net A soen a B maachen. Och sollt endlech Transparenz herrschen iwwert d’Decisioune vu Lëtzebuerg op EU Niveau. Et kann net sinn, dass een net gewuer gëtt, wéi wéi mir zu verschiddenen Dossieren ofstëmmen.https://fb.watch/fWm7UJgYKl/Dir kënnt eis Videoen ëmmer gären deelen 😊De Marc Goergen huet sech iwwert Konsequenze vum Tankrabatt informéiert, an och nogefrot, wat mat de Recettë vun der CO2-Stéier genau gemaach gëtt:Wéinst der Covid-19 Pandemie goufen 2020 an 2021 d’Delaie fir d’Areeche vun der Steiererklärung fir d’Joren 2019 an 2020 no hanne verréckelt an d’Steierverwaltung war méi nosiichteg wat d’Nobezuele vu Steieren ugaangen ass. De Marc Goergen huet nogefrot, ob dat nach ëmmer esou ass: https://piraten.lu/delaien-steieren/An enger parlamentarescher Fro wollt de Marc Goergen wëssen, ob beim CGDIS dës lescht eng Reegel festgehale gouf, déi beseet, dass d’Bénévolen an den Asazzenter musse goen, bei deem si am nooste wunnen.Infrastruktur & Landesentwécklung:Stand haut hëtzt de Staat a seng sëllege Verwaltunge selwer nach ee groussen Deel vu senge Gebaier mat fossille Brennstoffer. Mir hunn nogefrot a Stand haut huet de Staat nach 1270 Gebaier, déi mat Gas hëtzen an 290, déi mat Masutt hëtzen. Zäit, fir mam gudde Beispill virzegoen!Op de soziale Medie kurséiere Biller vun enger Firma, déi an Australien Stroossebunnmarkéierunge mat fluoreszendéierender Faarf hierstellen. De Prinzip vun dëser Faarf kennt ee vu Kannerspillsaachen: d’Faarf hëlt d’Luucht op a stéisst dës dann an der Donkelheet of an ass am Donkele gutt erkennbar.  De Prinzip ugewannt op d’Stroossemarkéierung bewierkt, dass dës an der Nuecht besser siichtbar sinn. Virun allem op Landstroossen, wou keng kënschtlech Beliichtung do ass, kéint dës Technologie hëllefen, fir d’Stroosse méi sécher ze maachen. Eng Iddi fir Lëtzebuerg?Eis goufe verschidden Ofrechnunge vun Dierwiechter virgeluecht, déi honnerten Euro héisch waren. Alleng fir den “reçu à l’étude” an d’ “coûts de l’act” goufen an engem Fall 514€ verrechent – woubäi d’Schold selwer awer nëmmen 165€ héisch war. Dës Rechnunge sinn natierlech schwéier ze bezuelen, fir déi Leit, déi scho kee Geld méi hunn, fir déi Rechnungen ze bezuelen, déi agedriwwe ginn. Mir Piraten sinn der Meenung, dass de Status vum Dierwiechter op de Leescht geholl gëtt: an och d’Tariffer no ënnen geschrauwt ginn.D’Chamber krut dat neit Landwirtschaftsgesetz présentéiert (Projet de Loi 8060). Falls du eng Meenung dozou hues, kanns du eis gären op piraten@chd.lu schreiwen.https://piraten.lu/unzuel-un-etagen-dei-een-dierf-bauen/Eis ass opgefall, dass Ënnerschidder ginn tëschent verschiddene Bautereglementer an de Gemengen an dem Bauteregelement vun der Regierung. WAt ass dann elo d’Reegel a wou kann ee sech als Bierger oder Biergerin wenden, wann engem esou

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.