Bei engem Nato-Treffen den 3ten Abrëll gouf iwwert d’Schafung vun engem Fong fir d’Ukrain diskutéiert.

An dësem Fong sollen 100 Milliarden iwwert déi nächst 5 Joer gesammelt ginn. D’Zil ass dem NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg no: “der Ukrain eng zouverlässeg a previsibel Ënnerstëtzung op laang Siicht [ze] garantéieren, fir datt mer manner op fräiwëlleg Bäiträg, a méi op fest NATO-Engagementer setze kënnen. Manner kuerzfristeg Offeren, méi Engagementer iwwer Joren.”An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Gouf Lëtzebuerg scho virum Nato-Treffe vum 3ten Abrëll am Kontext vum geplangte Fong approchéiert? Wa jo, wat war d’Positioun vun der Regierung zu dëser Iddi?Plangt Lëtzebuerg, sech un dësem Fong ze bedeelegen?QP Nummer 57820240408 QP CLEMENT Nato-Fong fir d’Ukrain.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.